Umellung fir de Welcome Day 2016

Gläich fänkt d’Semester nees un a mam neie Semester kommen och nei Studenten op München, déi den LSM den 22.10 häerzlech op den Welcome Day invitéiere well, fir hinnen d’Studenteliewe méi no ze bréngen.

11015802_1686017538284109_4984264274714350746_o
Welcome Day 2015

 

 

 

 

 

 

 

 

De Comité invitéiert also all d’Erstien den 22.10.2016 fir mat hinnen um 10:00 Auer an d‘ Augustiner Bürgerheim iessen ze goen, wou si sech ënnereneen kenneléieren kënnen. Et besteet de Choix tëscht engem bayreschen, engem internationalen an engem vegetaresche Brunch.

Dono gëtt et en flotten Rallye fir all d‘ Memberen vum LSM duecht d’Stad. Dëse fänkt um 13:30 Auer um Odeonsplatz un.

Owes um 19:30 Auer gëtt et dann e Buffet an eng Siegerehrung an der Drehbar.

Fir dech unzemellen, klick op folgenden Link: Welcome Day 2016

Mir freeën eis op iech,

bis dann,

De Comité