Réckbléck: Grillen um Flaucher mam neie Comité

13537756_1771109746441554_4814796009437425084_nDe leschte Sonnden huet de frësch gewielte Comité op seng éischt Aktivitéit agelueden: Dat traditionellt Grillen um Flaucher. Bësse méi wéi 30 Memberen hunn et sech net huele gelooss bis laanscht ze kommen an en flotten Nomëtten an Owend mam LSM ze verbréngen. Bei där Geleeënheet sinn da schonn déi éischt Memberskaarte fir d‘ Joer 2016/17 verdeelt ginn, déi een och nach op all Stammdësch bei de Comitésmembere kritt. Fir d‘ läifleg Wuel huet eise Grillmeeschter a President Jerry Lambert héchstperséinlech gesuergt, mat enger Auswiel un Mettwurscht, Thüringer a Kéiswurscht konnt kee behaapten hongereg heem gaangen ze sinn. Natierlech huet een sech och em déi duuschtereg Leit ënnert eis gekëmmert, a wien seng Drénkfestegkeet ënner Beweis wollt stellen, konnt dat direkt bei der eng oder anerer Partie Beerpong oder Flunkyball maachen.

Alles an Allem war et en gelonge Start an dat neit Comité-Joer 2016/17 a mir soe jidderengem Merci deen dobäi war! Mir freeën eis Iech um Stammdësch bzw. op deenen nächsten Aktivitéiten erëmzegesinn!

 

 

Hei nach eng kleng Fotosgalerie: