Saufest-Intercercle zu Wien
Iwwert de Päischtweekend war et nees sou wäit an de Wiener Cercle huet op säin traditionellt Saufest um Donauufer agelueden. Mat net manner wéi 10 Leit war de LSM hei ee vun deenen am beschte vertruede Cerclen! Entgéint de schlechte Viraussoe war d’Wierder samschdes dann och top fir ze grillen an et stoung näischt méi engem gelongene Saufest am Wee. Vu mëttes 12 bis bal owes 12 huet et geheescht: gegrillte Sau iessen, Flunky Ball spillen an sech bei deem een oder anere Gedrénks mat de Kollege vu Wien oder aus anere Stied austauschen. Duerno ass et fir sou munchen nach… Weiterlesen »Saufest-Intercercle zu Wien