Réckbléck: ALUS Intercercle ‚Route du Vin‘ zu Stroossbuerg

Den éischten Abrëll-Weekend huet d’ALUS hier traditionell Intercercle ‚Route du Vin‘ organiséiert an di aner Cerclen ob eng Rees duerch di elsässesch Wäikultur invitéiert. Den LSM war natierlech och vertrueden an ass sengem gudden Numm als lëschtegen, partytraineierten an drenkfeste Cercle gerecht ginn.

Um Programm stoungen 2 Wäindegustatioune mat engem gudde Mëttegiessen dotescht a bësse Fräizäit.

Gestart huet dat ganzt zu enger studentenongewinnter Auerzäit moies um hallwer 9 zu Stroossbuerg, wou mer de Bus geholl hunn, deen eis zur éischter Wäindegustatioun op Epfig gefouert huet. Do krute mer dann eng kleng Féierung duerch eng Wäinpressanlag, ier mer eis duerch eng kleng Auswiel vu Wäiner probéiert hunn.

Nodeem dat lescht Glas gedronk war an sech verschidde Leit puer Fläsche kaf hunn ass et dann och rëm per Bus viru gaangen an dat molerescht Riquewihr, wou en leckert Mëttegiessen ob eis gewaart huet. Als rëm e gudde Fong geluecht war, stoung dann den zweete Wäikeller um Programm, deen och zu Riquewihr war a wou mer nees eng Rëtsch vu gudde Wäiner probéiere konnten.

Wei mer och do fäerdeg ware mat der Degustatioun, war d’Zäit komm fir d’Staat ob eege Fauscht entdecken ze goen. Do Riquewihr ganz schéin ass, mee leider och zimlech kleng, hunn sech di meescht no kuerzer Zäit op enger Terrasse rëmfonnt, fir do di nei gewonne Bekanntschaften nach ze verdéiwen.

Als de Bus rëm geruff huet fir zréck ob Stroossbuerg, si mer all gutt gelaunt a gutt midd erageklommen an hunn eis ob e weidert gutt Iessen oder eist Bett gefreet. Am Zentrum vu Stroossbuerg hu mer da ganz no beim Ill den Owend bei guddem Wäin an elsässeschem Iessen ausklénge gelooss.

DSC_0191

Eis huet de Weekend gudd gefall an mir hoffen, dass nächst Joer puer Leit mei matginn.