Flyer_Final

1996 war et fir d’éischte Kéier sou wäit dass d’Münchener Studenten sech zesummegesat hunn fir en Bal ze organiséieren. Deemools war dat nach am Atelier. 20 Joer méi spéit hunn mir zwar d’Locatioun gewiesselt, awer de Bal ass bliwwen an erfreet sech nach ëmmer grousser Beléiftheet.  Sou kenne mir also dëst Joer 20 Joer Münchner Bal feiere!

Dat wäert wéi gewinnt nees op Ouschtersonndeg de Fall sinn an zwar ass dat dëst Joer de 27. Mäerz.

 

Wéi dat sou ass bei engem Bal huet sech säit der éischter Editioun natierlech vill verännert. An och dëst Joer hunn mir nees e puer Neierunge fir iech:

  • Een drëtte LSM Stand an der Lounge um éischte Stack
  • Bayresche Sall an der Lounge vum Melu mat bayrescher Musek an Après-Ski
  • Porno Vodka um Stand vum LSM

Puer Saache sinn natierlech bewärt a bleiwen ondiskutabel Virdeeler vum Münchner Bal:

  • Frësch gezaapten Augustiner Helles vum Faass
  • Gratis Gedrénksbong fir Leit an Tracht
  • Den Dag drop ass Feierdag

Fir de flotten Design vun de Flyeren a Postere vun dësem Joer soe mir eisen Designleit a Fotomodelen ee grousse Merci.

poster_bal

 

Ween drun interesséiert ass wéi sech de Flyer vum Münchner Bal am Laf vun der Zäit verännert huet kann dat hei an der Slideshow oder op der Säit Münchner Bal hei um Site nokucken.