Chrëschtfeier: Réckbléck + Fotoen

61 Leit hunn dëst Joer de Wee op eis Chrëschtfeier fonnt. Hei gouf sech fir d’éischt mat deem engen oder anere kesselfrësche Glühwäin  opgewiermt, dunn mat engem festlechen 3 Gäng Menü och de Mo gefëllt gouf. Ganz iwwerraschend ass dann och de LSM-Kleesche mat senge Begleedungen opgetaucht an huet LSM a Wichtel-Cadeaue verdeelt.

Net nëmme gönnerhaft mee och sportlech war eise Kleeschen ënnerwee: Kleeschen-Kopplabunz 

Nodeems de Kleeschen dunn verschwonne war fir säin décke Programm deen Owend nach duerchzekréien, goung dee vun der Chrëschtfeier nach eng Zäit laang am Brunnwart virun, ier dunn op anere Platze weidergefeiert huet.