Zum Inhalt springen

Dezember 2015

Tournoi de Noël: Dag 2 (Fussball)

  •  

Mëttwochs war dann och de Fussball drun, wou mer eis dëst Joer gutt Chancen ob eng Finalteilnahm an eventuell och en Gewënn vum Tournoi ausgerechent hunn. Moies hu mer an der Virronn géint d’Cerclen aus Oochen, Innsbruck a Berlin gespillt souwéi géint d’ANEIL, wou 2 vun eise Membere matgespillt hunn. Géint déi 4 Equipen hu mer mol méi, mol manner spannend Matcher gehat, mee trotz allem gutt gespillt an de Géigner keng Chance gelooss, a sinn ouni Defaite an d’Finalronn agezunn. Mëttes no enger gemittlecher Mëttespaus huet… Weiterlesen »Tournoi de Noël: Dag 2 (Fussball)

Tournoi de Noël: Dag 1 (Basketball & Volleyball)

  •  

Déi lescht zwee Deeg war et da souwäit: d’Lëtzebuerger Studenten hunn sech kuerz viru Chrëschtdag getraff an de Sportshalen um Geesseknäppche getraff, fir ze bestëmme ween a sportlecher Hisiicht dee beschten ass.             Den Ufank maachen dierften densdes eis Basket- a Volleyballspiller. Am Volleyball hate mir leider fir d’Qualifikatiounsphase eng staark Grupp mat ënner anerem dem Schlussgewënner Oochen erwescht a misste mëttes an der leschter Pool untrieden. Hei ware mir awer déi bescht vun deene schlechten a koumen domat op déi 17 Plaatz vun 20 Equipen. Am Basket war d’Spannung scho moies ganz héich well no Victoirë géint Tréier… Weiterlesen »Tournoi de Noël: Dag 1 (Basketball & Volleyball)

Neien Design fir de Site

  •  

Nodeems eng Partie Leit sech net mat de bayresche Rauten am Hannergrond vum LSM-Site ufrënde konnten, hunn mer da säit haut testweis en neit faarwlecht Gewand fir de Site. Hei kennt dir bis Enn des Jores ofstëmme wéi een Design dir besser fannt, dee mat de meeschte Stemme wäert dann ab dem 1. Januar de LSM-Site Design sinn. Hei nach eng Erennerung un den ale Design:                  [poll id=”4″]

Chrëschtfeier: Réckbléck + Fotoen

  •  

61 Leit hunn dëst Joer de Wee op eis Chrëschtfeier fonnt. Hei gouf sech fir d’éischt mat deem engen oder anere kesselfrësche Glühwäin  opgewiermt, dunn mat engem festlechen 3 Gäng Menü och de Mo gefëllt gouf. Ganz iwwerraschend ass dann och de LSM-Kleesche mat senge Begleedungen opgetaucht an huet LSM a Wichtel-Cadeaue verdeelt. Net nëmme gönnerhaft mee och sportlech war eise Kleeschen ënnerwee: Kleeschen-Kopplabunz  Nodeems de Kleeschen dunn verschwonne war fir säin décke Programm deen Owend nach duerchzekréien, goung dee vun der Chrëschtfeier nach eng Zäit laang am Brunnwart virun, ier dunn op anere Platze weidergefeiert huet.