Réckbléck + Fotoen: Welcome Day

brunchOch d’2015er Editioun vum Welcome-Day war nees en vollen Erfolleg. Ugaang ass et moies am Augustiner Bürgerheim mat engem lockere Brunch fir d’Erstis bei deem vill nei Kontakter geknäppt goufen an iwwert Weisswurscht, Brezn a Semmel och niichter scho vill ganz intressant Gespréicher gefouert goufen. Dat nämlecht gëllt natierlech fir eis Oldies, déi hiren eegene Brunch am Paulaner Bräuhaus haten.

Duerno ass et dunn mëttes direkt weidergaang mat eisem Rallye, deen sech mat 73 Participanten nees grousser Beléiftheet erfreet huet. Nodeems d’Erstien hier stylesch „Accessoiren“  wéi Poubellstuten an ee Free Hugs Schëld ugedo krute konnt et dunn och scho lassgoen. Bei perfektem, sonnege Wierder sinn déi 5 Equipë lassgezunn a Richtung Sendlinger Tor, Botanischer Garten, Königsplatz, Alter Simpl oder Mariannenhof. Hei huet et gegollt ënnerwee bei den Zwëschenaufgaben an op de Stänn bei Quizer a Spiller, wéi aus enger Sprëtzpistoul geschoss Mëllech mam Mond opzefänken oder och hannerzech gespillte Musik erkennen, méiglechst vill Punkten ze sammelen. An ënnerwee konnten déi nei Münchener bestëmmt schonn deen een oder anere flotten Eck vun der neier Staat entdecken.

WP_20151024_001

Zum Ofschloss konnt een dunn owes beim leckere Buffet an der Villa Flora bëssen entspanen an den eidlen Mo fëllen. Ier dann d’Finale vum Owend ageleet gouf a bis spéit an d’Nuecht ugedauert huet.

Opléisung vum Beer Tasting:

  1. Mariannenhof: Hacker-Pschorr
  2. Sendlinger Tor: Hofbräu
  3. Botanischer Garten: Löwenbräu
  4. Königsplatz: Paulaner
  5. Alter Simpl: Spaten

Klassement vum Rallye:

  1. Equipe 3 (Luc Theisen) : 102
  2. Equipe 2 (Olivier Bourscheid) : 97
  3. Equipe 5 (Charel Muller) : 92
  4. Equipe 1 (Michel Bichler) + Equipe 4 (Daniel Binsfeld) : 89