Réckbléck + Fotoen Oktoberfest Intercercle

Wann een u München denkt, da fällt engem natierlech direkt d’Oktoberfest an. Ween ass net schonn extra mat Bus, Fliger oder Auto ugereest komm, fir eng uerdentlech Maß um gréisste Volleksfest vun der Welt ze drénken.

Domat een déi ausgeloosse Stëmmung net nëmmen zu Alzeng materlieft, huetden LSM dëst Joer eng Intercercle organiséiert. Vu Köln, Bréissel, Oochen, Wien, Stroossbuerg a Karlsruhe hunn sech ganzer 53 Studenten ob de Wee gemat fir mat eis déi bayresch Gemittlechkeet ze feieren. No laangen Autofahrten, ass et dunn Mëttwochs Owes an de Löwenbräukeller gaangen, wou eis Gäscht mat engem 3-Gänge-Menü verwinnt goufen. Traditionell am Dirndl an an der Lederhos sinn mir zesummen an dem LSM seng éischt Intercercle gestart. Mat der Generalprouf fir den Dësch an d’Luut hunn mir awer gewaart bis mir den Apfelstrudel rann haten. Sou huet eis Intercercle do schonn en bléiwenden Androck hannerlooss. Déi éischt Kontakter goufe schnell geknäppt an déi eng oder aner Grupp, ass no engem relaxen Owend, nach weider d’Stadt onsécher maache gaangen, fir dann natierlech Donneschdes moies pünktlech um 9:15 virum Hacker Festzelt ze stoen.

Mat midden Aen, mee voller Motivatioun hunn eis Oktoberfestgänger dunn 6 Dëscher géint sëffeg Australier an asiatesch Fastfoodtouristen verteidegt. Obwuel den een oder aneren sécher gären en Liter Kaffi gehat hätt, gouf eng éischt Maß gedronk an eng Zweet, eng Drëtt an, an, an….. Géinter Mëtteg war d’Stëmmung dunn um Héichpunkt an mir hunn mat engem méi wéi passabelen Dësch an d’Luut, d’Zelt méi ageheizt wéi d’Musekkappell. Net nëmmen fir d’Touristen war eis Intercercle d’Haaptattraktioun, mee och eis Memberen vum LSM hunn et sech net entgoen gelooss no der Aarbescht oder der Uni nach laanscht zekommen. Ob stoend, sëtzend oder och scho leiend, ass et mam Helene Fischer a Robbie Williams viru gaangen, bis och dem leschten d’Stëmm versot huet. Mee leider geet och de flottsten Dag um Oktoberfest iergendwann zu Enn, an sou goufen Owes um 11 och déi lescht Béierhelden aus dem Zelt gekiert.

Wann een dono net grad um Kotzhügel, am Konschtpark oder an der Ausniichterungszell gelant ass, sinn d’Leit all gutt Heem komm a freeën sech hoffentlech schonn ob eis nächsten Intercercle.