Réckbléck + Fotoen: Welcome Day
Och d’2015er Editioun vum Welcome-Day war nees en vollen Erfolleg. Ugaang ass et moies am Augustiner Bürgerheim mat engem lockere Brunch fir d’Erstis bei deem vill nei Kontakter geknäppt goufen an iwwert Weisswurscht, Brezn a Semmel och niichter scho vill ganz intressant Gespréicher gefouert goufen. Dat nämlecht gëllt natierlech fir eis Oldies, déi hiren eegene Brunch am Paulaner Bräuhaus haten. Duerno ass et dunn mëttes direkt weidergaang mat eisem Rallye, deen sech mat 73 Participanten nees grousser Beléiftheet erfreet huet. Nodeems d’Erstien hier stylesch “Accessoiren” wéi Poubellstuten an ee Free Hugs Schëld ugedo krute konnt et… Weiterlesen »Réckbléck + Fotoen: Welcome Day