Erstis – Wantersemester 2015/16

Du fänks am Oktober op enger vun den Münchner Unien un oder bass anerweiteg nei zu München?

Gudden Choix, mir freeën eis iwwert all neien Student zu München!
Fir all aktuell Informatiounen iwwert Aktivitéiten vum LSM ze kréien, schreif eis eng Mail op [email protected] dann kenns du op d’Mailingslëscht.
Dëst ass och d’Kontakt-Adress falls du Froe zu Studium, Bewerbung, Wunnëngssich etc. zu München hues.

Lass geet et dëst Joer den 24. Oktober mam traditionellen Welcome-Day op deem mir all nei Studenten zu München begréissen.