Zum Inhalt springen

Juli 2015

Summer-Tollwood Stammdësch

  •  

Wie all Joer verleeë mir een vun eisen Stammdëscher op den Tollwood, fir do zesummen deen een oder aneren ze drénken an déi flott Atmosphär ze genéisen. Heifir géif ech Iech all invitéieren mat ärem neien Comité dësen Donneschden op d Tollwood ze kommen. Den éischten Patt geet iwwregens op den Comité. Treffpunkt ass um 19:00 Auer bei der Ubahnstatioun Olympiapark. Fir déi,déi gären nokommen, mir ginn alleguer zesummen an Andechser Zelt.