Zum Inhalt springen

Mai 2015

LSM-Rees op Budapest

  •  

Wei all Joers huet den LSM och dëst Joer eng Rees fir hier Memberen organiséiert. Dëst Joer ass et vum 14.05 bis 17.05 op Budapest gaang! Mam Zuch si mir zu insgesamt 25 gefuer. Nierwend enger Velos Tour, Musée Besuch an Pub Crawl goufen et natierlech och Sportaktivitéiten, dest kéier Caving an Escape Rooms. Owes gouf dann zesumme bis an Nuecht era gefeiert, befiers et Sonndes erëm zréck gaang ass.

Gedenkfeier zu Dachau

  •  

Op Invitatioun vun eisem Konsul, dem Här Elsässer, hinn sinn och e puer Vertrieder vum LSM dëst Joer ob Dachau gereest fir un der Gedenkfeier zum Joresdag vun der Befreiung vun Dachau deelzehuelen. Nieft der Gedenkfeier selwer hunn mir och d’Chance genotzt fir den Site selwer ze besichtegen.

Lëtzebuerger Owend

  •  

Dëst Joer hat sech de LSM eppes ganz neies afale gelooss, amplaz de Bayreschen Owend gouf et ee Lëtzebuerger Owend. Ugefange gouf den Owend mat engem Keelen Tournoi, duerno gouf et dann ee Menü mam Haaptplat Fritten Ham an Zalot. Natierlech gouf et och de Fausti ze héieren. Fir den Owend ofzeschléisse gouf et och nach ee Quiz an natierlech eng Tombola. Insgesamt hunn 60 Memberen op dësem Owend deelgeholl.