Summerrees op Budapest

Summerrees op Budapest

09.05.2024

Dëst Joer geet et mam Zuch op Budapest!

Hei ee klénge Virgeschmaach op dat wat dir gebuede kritt:

1. Dag

Mir fueren den 9. Mee um 7h mam Zuch zu München fort a kommen um 14h zu Budapest un. Vun der Gare aus gi mir direkt an eisen Hostel, wou mir eis Zëmmere kréien an eist Gepäck kënnen ofleeën. Am Nomëtteg ass da bësse Fräizäit, wou jiddereen a sengem Tempo déi schéin ungaresch Haaptstad kann ufänken z‘entdecken. Nodeems mir all zesummen zu Owend giess hunn, geet op eng Nuetscroisière iwwert Donau mat Visite guidée a Prosecco illimité.

2. Dag

Nom Kaffi am Hostel gi mir zesummen ee klengen Tour zu Fouss vum Staddeel Pest, an deem mir schlofen, op Buda, déi aner Säit vun der Donau. Do kënne mer dann ënner anerem de Gellért Hill Cave bewonneren, éier mer dann an de Buergvéirel vu Buda ginn. Do huet da jidderee fir sech Zäit zu Mëtteg z’iessen. Um 14.30h kréie mir dann och eng Visite guidée vun dësem historesche Véirel.
De Wee zréck op Pest ka jiddereen a sengem Tempo maachen.
Nodeems mir owes rëm all mateneen iesse waren, ma mir ee Pubcrawl duerch dee Véirel an deem mir wunnen.

3. Dag

Moies gi mir zu Fouss an de Stadpark an d‘Buerg Vajdahunyad. D‘Mëttegiesse kann do rëm jideree no sengem Gusto gestalten. Mee schlot iech de Mo net ze vill voll, well um 15.00h gi mir all zesummen op eng Degustatioun vun ungaresche Wäin-, Wurscht- a Kéisspezialitéiten.
Owes wäerte mir wéi ëmmer rëm zesummen an ee Restaurant goen an dono ass Partytime an der flotter Location „Szimpla Kert“.

4. Dag

Éier mir um 15.40h nees den Zuch fir zréck op München huelen, gi mir nach d‘Margareteninsel, déi matzen an der Donau ass, besichen. Hei gëtt et allerhand z‘entdecken. Fir déi déi wëllen, ass och de Platinus Strand do, ee Waasserpark mat Schwämmen a Rutschen.
Mir wäerten dann um 22.30h rëm zu München ukommen.

Präis:

De Präis wäert sech dëst Joer op 222€ belafen.

Umeldung

D’Umeldunge ginn dëse Samschdeg den 06.04. um 20h00 op. De Link dofir poste mir dann an d’Facebook Grupp an an d‘Insta-Story. Et gëllt: first come, first serve! 3 Plaze si wärend den éischte 24 Stonne fir eis Erstien reservéiert. Dat heescht, déi éischt dräi Erstien déi sech umellen, sinn egal wéi dobäi.

Dir kennt iech bis den 20.04. umellen.

Mir mellen eis kuerz no der Umeldung bei iech ob dir eng Plaz krut oder ob der op der Waardelëscht sidd. Wann der ugeholl sidd kennt der dann och direkt d‘Suen iwwerweisen. An der Bestätegungsmail stinn all weider Informatiounen zum bezuelen dran.
Sollt der iech dono awer erëm wëllen ofmellen, kënne mer iech nëmmen d’Suen zeréckiwwerweise wa mir een Ersatz fannen.

Umeldung