Réckbléck: Tournoi de Noël 2019

Och bei dëser Editioun vum traditionellen Dräikampf, dee vun der LASEL an der ACEL organiséiert gëtt, war den LSM erëm Staark vertrueden.

Wéi ëmmer ass et den éischten Dag mat Volleyball an Basketball lass gaangen. Obwuel den LSM beim Volleyball historesch gekuckt ëmmer am schwächste war, haten eis Meedercher a Jongen sech net kleng kréie gelooss an haten et bis op di zweet Plaz gepackt. Di éischt Podiumsplaz fir d’LSM Volleyball Ekipp!

Mee och beim Baskett hate mer erëm gutt Gas ginn an do konnte mer eng staark 5. Plaz beleeën.

Den zweeten Dag war dunn Fussball ugesot. Do ware wéi ëmmer zemools den 12. Mann gutt vertrueden. Mat den LSM Ultras konnte wéineg Cerclen sou eng gutt Stëmmung an d’Hale vum Geesseknäppchen bréngen wéi d’Münchner Fussballsekipp. Mee och um Feld konnte mer weisen wat d’Bayern eis sou bäibruecht hunn. Um Enn hunn eis Männer sech bis op di 7. Plaz duerchsetze kënnen.