Réckbléck: Starkbierfest 2022

Den 19.03 konnte mir no laanger Paus endlech erëm dat bescht un der bayrescher Traditioun a vollen Zich genéissen! An der Tracht ass et nämlech ob d’Starkbierfest um Nockherberg gaange wou een endlech nees zesummen ob der Béierbänk konnt mam Maß prosten.

An der Unzuel u gedronkene Maß léisst sech den Owend och gutt resuméieren: Nom 1.Maß sinn d’Gespréicher scho méi labber ginn. Nom 2.Maß sinn d’Bänken zur Danzfläch ginn. Nom 3. Maß louch een sech an de bei Robbie Williams an den Äerm. (Anerer haten dogéint d’Starkbier wuel ënnerschat a waren net méi opzefannen).

Mir freeën eis schonn ob d’Frühlingsfest an och d’Starkbierfest nächst Joer wat mir dann hoffentlech nees mat engem Intercercle kenne verbannen!