Réckbléck: Stammdësch op der Schueberfouer

Den 1. September hunn sech eng rei motivéiert LSM‘ler op der Schueberfouer um Glacis getraff. Relativ schnell huet een sech beim grénge Spill zesumme fonnt, wou dann deen een oder anere Patt gedronk gouf. Eppes fir z’Iesse gouf et och fir déi hongereg, an natierlech ass et och op d’Spiller gaangen.

Als nächst steet d’Oktoberfest Intercercle zu München un, ob dat mir eis schonn extrem freeën.