Réckbléck : Secret Santa

Fir den LSM-Memberen d’Adventszäit e bëssi méi agreabel ze gestalten a fir hinnen och an dësen ongewinnten Zäiten eng Freed ze maachen, hat de Comité dëst Joer decidéiert ee Secret Santa ze organiséieren.

De Prinzip war ganz einfach. All Member konnt sech umellen an huet da missen am Viraus ee Kaddo am Wäert vun ongeféier 10€ bei engem Comités-Member ofginn. Nom Prinzip vum Wiichtele goufen dës Kaddoen du vum Comité gemëscht fir se kennen engem Participant ze ginn, ouni dass dëse genau weess vu wiem ee beschenkt ginn ass.

De 6. Dezember huet sech de Kleeschen zesumme mam Houseker a senge Rendéieren an zwou Gruppen op de Wee gemaach, fir bei alle Participante laanscht ze goen (dëst natierlech Corona-konform). Un der Dier konnt een sech dunn jeeweils ee vun den agepaakte Kaddoen eraussichen  an sech esou iwwerrasche loossen. All Participant krut awer och nach vum Kleeschen zwou 0,5L Fläsche Blue Christmas Seppl geschenkt. Heibäi handelt et sech em den traditionelle Shot vum LSM, de sos all joer vum Comité fir de Münchner Bal hiergestallt an do verkaf gëtt.

Dëst Event war am grousse Ganzen ee Succès an esou konnt ville Memberen eng Freed bereet ginn.