Réckbléck : Quiz Owend

Den 30. Januar huet den LSM-Comité ee Quiz Owend organiséiert. Dëse konnt leider net ewéi déi aner Joren a Präsens oflafen an esou huet ee missen op d’Plattform ZOOM zeréckgräifen, fir dat ganzt an enger online Versioun ofzehalen. Dat huet vill LSM-Memberen awer net dovun ofgehale matzemaachen, esou dass dann awer final ca. eng 50 Leit matgemaach hunn.

Iwwer den Owend goufen et eng 7 Kategorien (Food, Science & Technologie, US Präsidenten, wat war éischter, etc.) an deenen déi verschidden Equippen hiert Wësse konnten ënner Beweis stellen. Natierlech gouf et awer och ee Präis fir déi Equipe déi gewënnt, an zwar gouf et fir all Member aus der Gewënnerequipe ee Cageot Béier.

Den Owend dass dann och reiwungslos iwwert d’Bün gaangen, esou dass zum Schluss konnt, mat ganz knappem Virsprong, d’Gewënnerequippe bekannt ginn.

Nodeems dunn den offiziellen Deel vum Quiz eriwwer war, sinn nach eng ganz Partie Leit do bliwwen, fir den Owend gemittlech auskléngen ze loossen.