Reckbleck: Kitzbühl 2017

No der Chrëschtvakanz mat dem ville Gedrénks, Iessen a Feieren huet de LSM vum 6.-8. Januar erëm ob seng bekannte Schirees ob Kitzbühl agelueden. Dëst Joer war och e speziellt Joer, well mer fir d’11. Kéier hannerteneen ob d’Sonnalm waren an domat eist 10-järegt Jubiläum do gefeiert hunn. Fir dat Ganzt och richteg grouss opzezéien, hunn sech d’Anciens vum LSM, bestoend aus Leit, déi scho schaffen, an och Ex-LSMler, déi net méi hei studéieren an awer eis nach am Häerzen droen, dëse Weekend fräigehalen a mat eis de Bierg onsécher gemaach.

Mat enger bëssen holpereger Urees, wou mer eisem Buschauffer tatkräfteg gehollef hunn d’Schnéiketten opleeën, huet eis Rees ugefaangen, mee de lëtzebuergeschen Dräikinnekskuch huet déi kleng Verzögerung erëm wett gemaach. Moies géint 9 si mer dann ukomm an, entweder direkt oder mat engem klengen Ëmwee an en Skiverleih, ob d’Pist gaangen. Am Nomëtten, nodeem mer déi schéi verschneite Landschaft mat bloem Himmel genoss hunn an, mol méi, mol manner schnell d’Pisten erofgeheizt sinn, war dann och scho bësse Party an der legendärer Schirmbar vun eiser Hütt ugesot. No den éischte Ronnen an engem kuerzen Ofstiecher vu verschiddene Schneihuesen an der Sauna gouf et dann och schonn z’iessen, wou mer eis konnten de Bauch mat hire ville Fleesch-Zorten, déi frësch gegrillt an à volonté um Hausgrill lungen, vollschloen. Gestäerkt ass et dann erëm eemol an d’Schirmbar gaangen, wou den LSM eng Tournée ginn huet an och di aaner Leit d’Happy-Hour genotzt hunn, a mir nach bis laang an d’Nuecht gesongen, gedanzt a gefeiert hunn.

 

 

 

 

 

Trotz enger kuerzer Nuecht fir verschidde Leit stoungen di Meescht moies pünktlech op de Schi/Snowboards, fir mam éischte Lift sech erëm an de Schnéi ze stierzen. An obwuel de Wand eis d’Keelt ëmmer erëm an d’Gesiicht geblosen huet, ware vill Leit motivéiert, bis ob Kitzbühl an dat anert Schigebitt ze fueren an sech der legendärer Streif-Pist ze stellen. Nom Après-Ski an dem Owesiessen hu mer et eis natierlech net entgoe gelooss, der Sonnalm och e Kaddo fir hier heiansdo staark strapazéierte Gedold an deenen 10 Joer ze ginn. Mir alleguerten hunn ob enger aus lëtzebuergeschem Stol fabrizéierte Palplanche ënnerschriwwen an déi der Cheffin vun der Sonnalm iwwerginn, fir dass déi opgehaange gëtt an nach vill Joren do un eis erënnert. Doropshin hu mer erëm d’Schirmbar ageholl an mat enger weiderer LSM-Tournée gefeiert. Natierlech duerft och eis Béierbänk-Course net feelen, wou mer moies um 1 Auer zu puer Verréckte Béierdëscher den Hiwwel eropgeschleeft hunn an dann erofgefuer sinn, ouni ze vill aneneen ze fueren, fir eis dono an der Schirmbar opzewiermen.

    

 

 

 

 

 

 

No enger weiderer kuerzer Nuecht ass et dann eng leschte Kéier ob d’Schipist gaangen, wou all begeeschtertem Schifuerer d’Häerz opgaangen ass, well eis eng 15-20 cm deck Schicht Neischnéi erwaart huet. No engem ustrengendem Dag am Déifschnéi ass et da leider schonn erëm am spéiden Nomëtte mam Bus heemgaangen, wou mer eis glécklech an d’Bett leen an ob en onvergiessleche Weekend zréckblécke konnten. Mier, genau sou wei och d’Leit vun der Sonnalm, freeën eis schonn ob nächst Joer, wou mer eis zesummen ob d’Rees maachen, dat 15-järegt Jubiläum ze knacken.