Réckbléck: Christmas Crawl 2021

Leschte Freiden huet de Christmas Crawl als Alternativ vun der Chrëschtfeier stattfonnt, déi jo huet misse wéinst de Corona-Mesuren a Bayern ofgesot ginn.

An Gruppe vu bis zu 17 Leit konnten an engem Roulement 4 verschidde Wunnengen besicht ginn, mat jeeweils hirer eegener Thematik, wei z.b. am Stall bei de Rendéieren, bei den Engelen, oder beim Kleeschen an dem Houseker. Beim Kleesche gouf et dann och fir jiddereen ee Cadeau an en Shot, natierlech nëmmen, wann virdru fir de Kleesche gesonge gouf.

Fir den Duuscht ze läsche gouf och gesuergt, dat mat genügend Glühwäin, Schocki mat Baileys an sou munche weideren Optiounen. Mat selwer gebake Kichelcher oder mat Brezen ass och fir de klengen Honger eppes dobäi gewiescht.

De Kleeschen huet dann och verroden, wou d’Summerrees nächste Summer hi geet, an zwar op Malta!

Zousätzlech hu mer wéi all Joer em des Zäit Sue gesammelt, fir eng Spende ze machen. De LSM wäert all Spende verduebelen, an d’Zomme wäert dëst Joer un „Médecins sans frontières“ goen.

Mir si frou, trotz de schwieregen Zäiten am Moment, eng Alternativ u bieden ze kennen, a si frou fir déi grouss Participatioun!