Réckbléck : Assemblée Générale 2020

Um Sonndeg den 20. September gouf déi dësjäreg Assemblée Générale vun de Lëtzebuerger Studente vu München, kuerz LSM, ofgehalen. Fir déi alleréischte Kéier war des an engem ganz anere Kader, an zwar ass se online iwwer ZOOM ofgehale ginn. Natierlech war se esou net vergläichber mat enger AG aus de vergaange Joren an awer war dat déi Bescht alternativ an dësen ongewëssen Zäiten an esou koum et dann awer trotzdeem zu denger eng oder anerer interessanter Diskussioun.

Ugefaange gouf traditionell mat enger Usproch vum ale President an engem Réckbléck vum ale Comité iwwert dat vergaangene Joer. All d’Eventer, wéi zum Beispill de Welcome Day, d’Grillen um Flaucher oder awer och d’Chrëschtfeier, fir der nëmmen e puer ze nennen, sinn hei en Revue passéiere gelooss ginn. Leider hunn dann awer och missen op déi sëllegen Eventer an Aktivitéiten opgezielt ginn, déi hu misse wéinst dem Coronavirus ofgesot ginn, och wann des schonn deelweis komplett fäerdeg organiséiert waren. Fir dat alt Joer ofzeschléissen huet de den Tresorier du nach de Bilan vun de Finanze gemaach.

Als nächst kruten d’Membere bei der fräier Diskussioun d’Geleeënheet hire Point de Vue vum vergaange Joer ze deelen a konnten dem neie Comité Verbesserungsvirschléi mat op de Wee ze ginn.

Zum Ofschloss da krut den ale Comité d’Decharge an du stoung d’Wal vum neie Comité 2020/2021 um Programm. D’AG huet ofgestëmmt, dass en och dëst Joer erëm wäert aus 9 Membere bestoen. Vue dass et genau 9 Kandidature goufe koum et deementspriechend net zu Walen.

Den neie Comité 2020/2021 gouf folgendermoossen ugeholl:

Anouk Engel – Presidentin
Max Molitor – VP & Responsabelen Events
Michel Pilot – VP & Sport
Gianni Di Paoli – Sekretär
Alain Gales – Tresorier
Tom Bintener – Webmaster
Alex Thiry – Sponsoring
Manu Feyereisen – Events
Noah Mersch – Events

No der Presentatioun vum neie Comité gouf nach d’Geleeënheet ergraff dem ale Comité ee ganz grousse Merci ze soe fir dat vergaangent Joer. Mir si frou hir gutt Aarbecht weiderzeféieren ze kënnen an hoffen trotz der aktuell schwéierer Situatioun en erfollegräicht a flott Joer mat sëllegen Aktivitéiten op d’Been ze stellen.

Comité 2020/2021 (absent: Alex Thiry)