Réckbléck: Assemblée Générale 2021

Den Sonndeg den 29. August gouf d’ Assemblée Générale vun dësem Joer vun de Lëtzebuerger Studenten vu München, kuerz LSM, ofgehalen. Wéinst den zäitlechen Restriktiounen an onkloren Konditiounen an dësen schwieregen Zäiten gouf d’ AG wei lescht Joer iwwert ZOOM ofgehalen. Duerch déi ugesammelt Erfarung mat ZOOM an den leschten Méint konnten sou trotzdeem vill produktiv Diskussiounen gefouert ginn.

Traditionell gouf mat der Begréissung vun der aler Presidentin Anouk Engel an mat engem Réckbléck iwwert dat vergaangent Joer ugefaangen. Alleguer d’ Aktivitéiten aus dem Comité Joer, wei zum Beispill den Ersti-Stammdësch, den Wander Dag oder den Volleyball-Tournoi, goufen en Revue passéieren gelooss. Wei och schonn am leschten Joer hunn leider missen e puer Aktivitéiten wéinst der Corona-Pandemie ofgesot ginn. Trotzdeem huet den vergaangene Comité alles druginn, fir och Online Aktivitéiten ze organiséieren, wei zum Beispill den Ersti-Quiz, den Online-Stammdësch oder den generellen Quiz-Owend. Positiv stécht firun allem raus, dass den Stammdësch am Laf vum Joer rëm an Präsenz an der Klenze 17 ofgehal konnt ginn, an dass vill Memberen reegelméisseg vun dëser Méiglechkeet profitéiert hunn.

Als nächst huet den Tresorier nach den Bilan vun den Finanze gemaach.

Um nächste Punkt stoung d’oppen Diskussioun, wou all Member d’ Méiglechkeet hat, seng Meenung ze äusseren, an Verbesserungsvirschléi mat ze deelen.

Als Ofschloss koum et zu der Decharge vum ale Comité, an zu der Wal vum neie Comité 2021/2022. D’AG huet wei schonn am leschte Joer ofgestëmmt, dass den neie Comité rëm wäert aus 9 Memberen bestoen. Vue dass et genau 9 Kandidaturen gouf, ass et net zu Walen komm.

Den neie Comité 2021/2022 gouf follgendermoossen ugeholl:

Gianni Di Paoli – President

Noah Mersch – 1.VP & Team Events

Manuela Feyereisen – 2. VP & Tresorière

Max Ganser – Sekretär

Tom Bintener – Webmaster

Marguy Poissonnier – Sponsoring

Nicolas Thome – Sport

Alain Gales – Team Events

Jim Hirtt – Team Events

Nodeems sech den neie Comité presentéiert hat, gouf dem ale Comité villmools Merci gesot fir hir erfollegräich Aarbecht am vergaangene Joer. Mir sinn zouversiichtlech, dass mir déi gudd Aarbecht weiderféieren kennen an dat komment Joer vill Aktivitéiten erméiglechen wäerten.