LSM

Lëtzebuerger Studenten zu München

D’Lëtzebuerger Studenten zu München, kuerz den LSM, sinn an Tëschenzäit gutt 200 Studenten. Gegrënnt gouf den LSM virun enger gudder Zäit vun enger Handvoll Studenten, déi eng Plattform ubidde wollten, wou sech Studente kenneléieren an austausche kënnen.

Traditionell soll de Cercle also Kontakter erméiglechen, Informatiounen ubidden a fir een ongezwongent Matenee suerge fir déi ëmmer méi grouss Gruppe vu Studenten, déi op München kommen. Nieft dësen Ziler probéiert eise Cercle natierlech och méi wéi de Standard-Programm unzebidden.

Aktuelles

Aktuell Informatiounen an Réckblécker vun eisen Events

Eventer

Den LSM bitt am Laf vum Joer eng ganz Partie Aktivitéiten an divers Reesen (Welcome Day, Skiweekend, Chrëschtfeier, etc.) un.

Informatiounen

Traditionell soll de Cercle Kontakter erméiglechen, do dernieft bidden mir awer eng sëlleg Informatiounen un, virun allem vir nei Studenten.

Comité

Hannert dem LSM stécht den LSM-Comité: En Team bestoend aus 9 Leit déi all Joers vun den Memberen op der Assemblée générale gewielt ginn.

Sport

Nieft deenen normalen Eventer kënnt och de sportlechen Aspekt mat Fussball, Volleyball a Basket, wärend dem Semester net ze kuerz.