Welcome-Day 2021

Datum/Zeit
Date(s) - 23/10/2021
10:00 - 23:45

Kategorien


Nodeems da Mëtt Oktober fir all Mënsch dat neit Semester wäert ugefaangen hunn gëtt et dann och Zäit fir den traditionelle Welcome-Day vum LSM. Dëse fënnt den 23. Oktober 2021 statt. Hei geet et haaptsächlech drëm déi nei Studenten zu München z’ëmfänken an hinnen d‘Stad an den LSM ze presentéieren. Awer och eis al Membere begréisse mer erëm zu München.

Oflaaf :

  1. Wann’s du Ersti bass, da kanns du och op eisen Ersti-Brunch kommen de scho moies ass. Treffpunkt ass em 10:00 an den Augustiner Bräustuben (Erstien). Do leiers du schonn all déi aner Erstien kennen. D’Erstien kennen auswielen op se een klassescht bayresch Frühstück (2 Weißwürste, Brezel & Weißbier) oder eng vegetaresch Alternativ (Käseteller & Weißbier) wëllen huelen.
  2. Duerno fënnt ee Rallye duerch München mat verschiddene Statiounen an Aufgaben esou wéi Froebéi statt, wou d’Erstien eis trei LSM-Memberen, den LSM, an d’Stad kenne léieren. Treffpunkt ass em 12:00 um Odeonsplatz (Erstien & Oldien).
  3. Owes gi mir dann all zesummen Iessen an d’Speiselokal LENZ fir den Dag zesummen auskléngen ze loossen. D’Iessen gëtt a Form vun engem Buffet zerwéiert. Dësen huet eng vegan, vegetaresch an eng Fleesch-Optioun. Ufanks der Woch kritt der eng E-mail mat dem genaue Menü, wou der ausfëlle musst, wéi eng Optioun der wëllt. Fir Gedrénks ass beschtens gesoucht! Am Menü huet dir 4 Gedrénks gratis. Domadder kennt der Softdrink, Béier, ee Wäisswäin, ee Routwäin, Aperol Spritz oder Hugo bestellen.

Falls dir eppes net iesse kënnt, wéi z.B. Vegetarier oder eng Allergie, da schreift dat einfach an d’Kommentarfeld.

De Welcome-Day wäert ënnert den 3G-Reegele stattfannen, dat heescht fir kennen deelzehuele muss du entweder geimpft/genese sinn oder ee PCR/Schnelltest hunn de wärend denger ganzer Participatiounzäit um Welcome-Day gülteg ass.

Präis:

De Präis fir de Welcome-Day ass 15€. Fir um Welcome-Day deelzehuele muss de eng aktuell Memberskaart vum LSM hunn, wann’s de nach keng hues kanns de der eng hei um Site maachen ënner https://lsm.lu/formular-vir-eng-memberskaart/ .
Bezuelen muss de per Bankiwwerweisung bis de 19. Oktober hei hin:

LETZEBUERGER STUDENTEN ZU MÜNCHEN
IBAN : LU44 0019 2655 8968 1000
BIC: BCEELULL
Referenz : WELCOME-DAY 2021 VIRNUMM+NONUMM

Fir dech umellen ze kënnen, muss du dir een Account bei eis um Site erstellen. Dat kanns du hei maachen: https://lsm.lu/registreierung/

Mir hoffen Iech zu vill do ze gesi fir ee gudde Start an dat néit Semester!

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.