Volleyball-Turnéier

Datum/Zeit
Date(s) - 12/06/2021 - 13/06/2021
Ganztägig

Kategorien


Léif Memberen, et ass endlech rëm sou wäit! D’Moossnamen erlaben eis et rëm Events a Presenz ze maachen!

Dofir fënnt den 12. Juni eise Volleyball-Turnéier am Englesche Gaart (genau Infoen zur Location ginn nach nodréiglech gepost) statt. Falls d’Wieder un deem Dag net géing matspillen, hale mir eis den 13. Juni als Auswäichdatum fest. Dat Ganzt fänkt um 15 Auer un.

Mellt iech w.e.g. bis den 10. Juni 2021 (9:00) um Site un wann dir wëllt matspillen. D’Equipe si bis zu 4 Leit (et kann een och zu 3 spillen) an et geet duer wann 1 aus der Equipe déi aner 3 (2) mat umellt. Wann dir um Turnéier wëllt deelhuelen an awer nach keng Equipe hutt, kennt dir iech och eleng umellen a mir bilden dann aus deenen eenzel ugemellten eng Equipe. Fir matzespille braucht dir eng Memberskaart déi dir awer och nach den Dag selwer op der Platz kennt kréien.

Nokucken ass natierlech och kee Problem mam néidegen Ofstand ee vum aneren. Den LSM sponsert och deen een oder anere Cajot Béier an d’ Gewënnerequipe kritt 4 Cajote geschenkt.  Bis dann, mir freeën eis op iech!

Äre Comité

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.