Tournoi de Noël 2017

Datum/Zeit
Date(s) - 27/12/2017 - 28/12/2017
Ganztägig

Veranstaltungsort
Geeseknäppchen

Kategorien


Wei all Joer fënnt och des Kéier an der Chrëschtvakanz den Tournoi de Noël, wou déi eenzel Lëtzebuerger Cerclen géinteneen untrieden, statt.
D’Sportler moossen sech während zwee Deeg am Fussball, Volleyball an Basketball.

Woubäi den 27 Dezember Volleyball a Basketball um Programm steet an dann den 28 Dezember Fussball.

Mir géifen eis natierlech och iwwert all Net-Sportler freeën deen eis déi Deeg ufeieren kënnt, domat mir eisen Ruff vun engem Ultra-Supporterclub, deen fir gutt Stëmmung suergt, behalen.

Méi Informatiounen fannt dir um Site vun der Acel: https://acel.lu/articles/2017/11/tournoi-de-noel-2017
oder op Facebook: https://www.facebook.com/events/1441827029264503/