Summercup LSC 2017

Datum/Zeit
Date(s) - 24/06/2017
09:00 - 20:00

Veranstaltungsort
Stade Jos Becker

Kategorien


Den LSC invitéiert Iech Samschdes den 24. Juni op den Summercup 2017!

Wann mer vum LSM do puer Leit zesumme kréien fir ze spillen wier flott. Ween Loscht an Zäit huet kann sech bis den 15. Juni hei um Site umellen.

 

Hei all weider Informatiounen:

All lëtzebuerger Studentencercle ass häerzlech wëllkomm um üblechen Fussballturnéier deelzehuelen an och iwwer Ënnerstëtzung vun deem een oder aneren Supporter géifen mir eis freeën.

Nieft dem Fussballturnéier organiséieren mir och während den Matcher en Beerpongtournoi.

Wéi all Joers kann déi bäscht Equipe e Pokal gewannen, souwuel beim Fussballturnéier wéi och beim Beerpong.

Donieft hunn mer och een Saufpokal wou den Cercle deen am meeschten gedronk huet gekürt gëtt.

Natierlech ass den ganzen Dag iwwer fir Iessen, Gedrénks an gutt Musek gesuergt. Bréngt also vill duuscht an gutt Laun mat.

Infos zum Fussballturnéier:
-Umeldungen un sara.sowa@hotmail.com
-Umeldeschluss: Samschdes den 17. Juni
-Gréisst vun enger Equipe um Terrain: 5 + 1 Golkipp
-Start vun den Matcher : 10:00 (Vestiairen 09:00)
-Wou? Stade Jos Becker zu Hueschtert

Infos zum Beerpongtournoi:
-Umeldungen un lynn_johann@hotmail.com
-Präis: 20 Euro pro Team (gespillt gëtt an 2er Teams –> Teamnumm)
-Umeldeschluss: Samschdes den 17. Juni
-Start géint 12:00

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.