Studentebal 2021

Datum/Zeit
Date(s) - 24/09/2021 - 25/09/2021
20:00 - 03:00

Kategorien


Allgemenges
  • de Studentbal 2021 wäert de 24. September 2021 um Bouillon stattfannen
  • och den LSM ass do mat eise Kolleege vum LSC an AVL mat engem Comptoire vertruede sinn
  • dat ganzt Event gouf op 2000 Tickets limitéiert an et wäert och keng Oweskeess op der Plaz ginn (gläich nach méi dozou)
  • de Studentebal wäert ee COVID Check Event sinn, dat heescht et gëllt d’3G-Reegel (geimpft, getest oder genesen)
TICKETS
  • Mir hunn nach eng Partie Tickets déi mir an enger éischter Phase prioritär un eis Memberen verkafen (et muss ee Stand 23. August 2021 eng aktuell Memberskaart hunn). Dofir wäert een sech ab dem 29. August 21:00 op eisem Site een Ticke pro Persoun séchere kennen.
  • An enger zweeter Phase kann elo jiddereen den zu Münche studéiert sech op eisem Site maximal 2 Tickets sécheren. (wann der scho virdrun ee kaaft hutt, da schreift eis am Beschten eng Mail wann der nach ee wëllt)
  • Wann der en Ticket kritt hutt, wäert der vun eis per Mail eng Bestätegung kréien, vun dann un hutt der maximal 48h Zäit bis d’Suen (12€) musse bei eis um Kont ukomm sinn, sollt dëst net de Fall si gi mir den Ticket erëm fräi.
  • (Falls der en Ticket kaf hutt an eis d’Suen iwwerwisen hutt, dann huele mir dësen och net méi zeréck. Op den Tickets ass awer kee Numm drop, dat heescht dir kënnt se am Noutfall ouni Problem un aner Leit weiderverkafen.)

Bookings

Dës Aktivitéit ass ausgebucht