Stammdësch

Datum/Zeit
Date(s) - 01/07/2021
20:00 - 23:45

Kategorien


Léif Memberen,

Endlech ass et esou wäit. Nodeems elo d’Mesuren et erëm erlaben an d’Renovationsaarbechten an der Klenze 17 sinn ofgeschloss sinn wäert dësen Donneschdeg no enger e bëssi méi laanger Paus erëm den éischte Stammdësch vum LSM fir dëst Joer stattfannen.

Et ass jidderee vun iech häerzlech agelueden en Donneschdeg ab 20:00 an d’Klenze ze komme fir ee gemittlechen Owend a flotter Ambiance ze genéissen. Mir freeën eis den een oder anere Member vum LSM erëm ze gesinn an awer och nei Leit dierfen ze begréissen.

Wéinst den aktuelle Corona-Mesure ginn et awer ee puer Upassungen. An zwar ass dat ganzt op 35 Platze begrenzt, dofir muss dann awer och keen am Viraus en Test maache loossen. Dofir musst dir iech bis spéitsdens en Donneschdeg em 18:00 iwwert eis Website umellen. (Wien sech bis dohinner net ugemellt huet däerf da leider och net kommen, well mir dem Chris vun der Klenze mussen am Viraus eng Lescht mat de Leit, déi Owes komme, ginn.)

Ären LSM-Comité

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.