Stammdësch – 25. November

Datum/Zeit
Date(s) - 25/11/2021
19:00 - 22:00

Veranstaltungsort
Klenze 17

Kategorien


Léif Memberen,

Mir si ganz frou iech haut confirméieren ze kënnen dass d‘Mesuren eis et erlaben eise Stammdësch weiderhin an der Klenze 17 stattfannen ze loossen. Dat haut awer schonn ab 19:00 a leider nëmme bis 22:00 (Sperrstunde). Mir freeën eis esou vill wéi méiglech vun iech do den Owend kennen ze gesinn a bei dem eng oder anere Patt kennen ee gemittlechen Owend ze verbréngen.

Leider musse mir de Stammdësch awer op 26 Leit limitéieren, well een nëmmen nach wann een um Dësch setzt seng Mask ausdoen dierf. Och soll et evitéiert ginn ze vill tëschent den Dëscher ze wiesselen. Et wäert alles ënner den aktuellen 2G-Reegelen oflafen, mir recommandéieren natierlech jidderengem op fräiwëlleger Basis ee Schnelltest am Viraus ze maachen. Dofir musst dir iech dann awer och ab haut erëm fir de Stammdësch umellen.

Ären LSM-Comité

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.