Stammdësch 13. Januar 2022

Datum/Zeit
Date(s) - 13/01/2022
19:00 - 22:00

Veranstaltungsort
Klenze 17

Kategorien


Léif Memberen,

Mir si frou iech matdeelen ze kennen dass d’Mesuren eis et erlaben eise Stammdësch erëm wéi gewinnt kennen all Woch Donneschdeg vun 19-22 an der Klenze17 stattfannen ze loossen. Do kënne mer da nach eng Kéier zesumme mat dem eng oder anere Béier op dat neit Joer ustoussen an een Owend a gudder Ambiance verbréngen.

Weiderhin ass et awer néideg dass der iech iwwer eise Site umellt well d’Plaze begrenzt sinn. (Sollte muer wärend dem nach Plazen um Site fräi sinn kann een sech och ëmmer nach ouni Problem spontan umellen a laanschtkommen.)

Dës weidere géife mir et begräißen wann der ier der kommt ee Schnelltest maache géift, dëst ass awer op fräiwëlleger Basis. (dat gëllt besonnesch fir d’Leit déi mat eis op Kitzbühel waren)

Mir freeën eis op iech,

Äre Comité

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.