Zum Inhalt springen
Karte nicht verfügbar

Date/Time
Date(s) - Juni 2, 2022
All Day

Categories


Léif Memberen,
den 2. Juni ass et erëm esou wäit an no zwee Joer kennt d’LSC Engineering Group hier Entreprise bei eis op Münche virstellen.

LSC ass eng Firma déi haaptsächlech am Beräich vun der Ingenierie vertrueden ass a Sie sichen ëmmer no neie Gesiichter déi hier Studien zum Beispill an de Beräicher Bauingenieur Secteur, Architektur, Geologie, Hydrologie, etc. maachen/gemaach hunn. Genaues kennt dir dozou op hirem Site liesen: https://www.lsc-group.lu/de/home-2/.

Den Owend fänkt domat un, dass Sie hier Entreprise mat enger kuerzer Presentatioun virstellen. Domat ass et dann awer och nach net eriwwer, well bei engem gemeinsamen Iessen huet een dann d’Méiglechkeet an engem ongezwongene Kader mat de Vertrieder vun der Entreprise an d’Gespréich ze kommen a fir Kontakter auszetauschen. Et wier net déi éischte Kéier dass sech hei déi eng oder aner zukünfteg Aarbechts- oder Stageplaz ergëtt.

D’Platze si begrenzt also maacht iech bäi!

Bookings

You must log in or register to make a booking.