Secret Santa

Datum/Zeit
Date(s) - 05/12/2020 - 06/12/2020
Ganztägig

Kategorien


Léif Memberen,

Opgrond vun den aktuelle Corona-Mesurë kenne mer dëst Joer leider net eis gewinnte Chrëschtfeier organiséieren. Als Alternativ organiséiere mer ee SECRET SANTA.

Wéi funktionéiert dat ganzt?
Jiddereen dee mat maache well, keeft ee Cadeau an engem Wäert vun ongeféier 10 Euro. De Kaddo dierf KEEN Iessen oder Gedrénks sinn! Dëse Cadeau bréngt dir da verpaakt bis spéitstens den 3. Dezember engem Comitésmember laanscht. Deen Weekend vum 5. an 6. Dezember (kënnt der auswielen) bréngt de Kleeschen dann d’Cadeaue bei iech laanscht an da kënnt der iech een zéien. Déi genau Auerzäit wéini de Kleesche bei Iech doheem laanschtkënnt wäerte mir iech nach kommunizéieren.
D’Hygiènesmesurë wäerten do natierlech zu all Moment respektéiert gi.
5 glécklech Léit kenne souguer ee gemeinsaamt Iesse gewannen a villäicht ass déi eng oder aner Iwwerraschung och fir iech derbäi.
Fir eis d’Organisatioun ze vereinfachen, muss der iech virum 27.11 umellen.

Vergiesst net är Adress an d’Kommentarfeld ze schreiwen, fir dass de Kleeschen weess wou en muss laanschtkommen.

D’Participatioun kascht iech näischt, mee dir musst Member sinn. Är Memberskaart kënnt der och hei op onsem Site ufroen an déi bréngt de Kleeschen iech dann zesummen mat ärem Kaddo laanscht.

Mir freeën eis,

Äre Comité

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.