Saufest zu Wien – Gruppenumellung

Datum/Zeit
Date(s) - 13/05/2016 - 16/05/2016
00:00

Kategorien


Léif Cerclen,
Lëtzebuerger Studenten Wien invitéieren iech häerzlech op hiren Intercercle um Päischtweekend vum 13-16 Mai 2016.

13. Mai
Treffpunkt ass um 20h an eisem Stammlokal WerkzeugH wou mir de Weekend gemittlech wäerten starten.

14. Mai
Um 12:30 ass RDV um Ufer vun der Donau wou eist legendär Saufest an eng nei Ronn wärt starten!
Fir Mëttegiessen hunn mir eng knuspereg SAU bestallt, déi den Metzler eis servéieren kennt.
De ganzen Dag ass fir bommen Stëmmung gesuergt! Bei flotter Atmosphär wäerten mir bis déif an Nuecht eran feieren!
Bei guddem Wieder Schwammsaache net vergiessen!

D`Sau a Gegrilltes stellen mir Iech zur Verfügung! Gedrénks ass am Gesamtpräis mat dran!

15. Mai
Wann s du Saufest solls iwwerlieft hunn bidd sech Meigleschkeet eis wonnerschéin Stad besichen ze goen oder awer einfach op Donau dech erhuelen ze goen 😉
Owes ass dann um 20:00 een Iessen am SalmBräu geplangt.

16. Mai
Oofrees

De ganzen Weekend kascht dech 30 €. Do ass Iessen a Gedrénks um Saufest a Iessen am SalmBräu mat abegraff.
Solls du eng Schlofplatz brauchen (oppassen! Limitéiert Platzen! Éischten ass fir!) kascht dech den Weekend 40 €. Du wäerts dann bei engem vun eisem Memberen iwwernuechten.

Wann s du elo Loscht hues eng kéier op Wien ze kommen a mat eis zesummen flott Deeg ze erliewen dann mell dech w.e.g. bis spéitstens den 01. Mai op cochairman@lsw.lu un!
So eis och w.e.g. Bescheed op mat oder ouni Schlofplatz!

Bei weider Froen zeckt net eis ze kontaktéieren, lsw@lsw.lu
Weider Informatiounen kriss de no denger Umeldung.

Mir hoffen iech zahlreich begréissen ze kennen.
Mat beschten Gréiss,
Äre LSW Comité

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.