Oktoberfest Intercercle

Oktoberfest Intercercle

28.09.2023

Endlech ass et nees sou weit an dat gréisste Volleksfest vun der Welt fënnt erëm statt, dofir invitéiert den LSM iech ganz häerzlech op säin Oktoberfest-Intercercle vum 28. – 30. September.

Lass geet et Donneschdes, wou den LSM iech op ee Welcome Patt invitéiert. Freides moies treffe mir eis dann an eiser schéinster Tracht, well et geet de ganzen Dag op d’Wiesn, wou mir mat dem een oder anere Maß bei gudder Stëmmung ustousse kënnen. Ofschléisse géife mir eisen Intercercle da Samschdes mat engem Brunch an dono eng gemeinsam Aktivitéit, wou dir eis Stad och nach besser kënnt kenne léieren.

Den Intercercle kascht 30€. Am Präis abegraff ass de Welcome Patt a Samschdes de Brunch.

Mir bidden och Schlofplaze bei eise Memberen un, do zielt wéi sou üblech „first come, first served”.

D’Umeldung geet Sonndes, den 30. Juli um 19h op. D’Plazen si limitéiert, also maacht iech bei.

Mir géingen eis freeën iech hei zu München begréissen ze kënnen!
Ären LSM 💙

Umeldung

D’Umeldung geet Sonndes, den 30. Juli um 19h ënnert folgendem Link op: https://forms.gle/23nAnhNNyno1zBtt7