Oktoberfest Intercercle

Datum/Zeit
Date(s) - 29/09/2016 - 01/10/2016
Ganztägig

Veranstaltungsort
Oktoberfest

Kategorien


Duerchliesen w.e.g.: howToUmellung

Léif Leit,

no eiser erfollegräicher éischter Oktoberfest Intercercle d’lescht Joer, begréisse mir Iech dëst Joer och erëm op de Wiesn! Mir hunn de Programm ausgebaut, sou dass d’Intercercle 2 voll Deeg dauert, lass geet et Donneschdes de 29. September an et geet bis den 1. Oktober.

Den éischten Dag organiséiert den LSM e bayreschen Owend an der Dachauer Stube vum Löwenbräukeller. Do kritt dir dann een 3 Gänge Menü, mat enger Mass Béier inclus.  Den 30. September geet et da Moies op d’Oktoberfest, an zwar an d’Hacker-Festzelt (Himmel der Bayern). Samsdes Mëttes ass dann nach eng Aktivitéit.

Méi detailléiert Informatiounen zur LSM Aktivitéit, souwéi de genauen Oflaf um Oktoberfest gitt dir nach gewuer. Well et zu München während der Period extrem schwéier (an deier) ass eng Schlofplatz ze fannen, zéckt net iech unzemellen!

Fir dës Intercercle verlaange mir 50€ (mat Schlofplaz) resp. 30 € (ouni Schlofplaz). En LSM Member deen op mannst eng Schlofplaz ubitt muss näischt bezuelen, gëff am Kommentarfeld un wéi vill Plaze du ubitts . Fir all Persoun déi eng Schlofplaz ubitt muss och op mannst eng aaner Persoun déi 50 € bezuelen fir déi Schlofplaz an Usproch ze huelen. Dat heescht zum Beispill wann een eng Schlofplaz ubitt an awer scho weess dat zwee Kollege bei ee schlofe kommen, muss ee vun deene Kollegen déi 50€ bezuelen, den aneren dann 30€, soss musse mir déi Plaz un en Frieme verginn.

No der Umellung mussen d’Suen op folgende Konto iwwerwise ginn:

LU44 0019 2655 8968 1000 – LETZEBUERGER STUDENTEN ZU MÜNCHEN (BIC: BCEELULL)

Referenz: VIRNUMM+NONUMM

Falls du Vegetarier bass, gëff dat am Kommentarfeld un. Bei Froe kënnt dir eis gär eng E-Mail schécken: comite.lsm@gmail.com

PS: Du brauchs een Account fir dech unzemellen, du kanns dech hei regestreiren: lsm.lu/wp-login.php?action=register. Gëff och dein richtigen Numm am Kommentarfeld un.

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.