Zum Inhalt springen

Datum/Auerzäit
Date(s) - Mai 26, 2022 - Mai 29, 2022
10:00 am

Kategorien


Vum 26.05. bis de 29.05. fënnt dann och endlech eis Summerrees statt. An dëst Joer fléie mir ob Malta! 🇲🇹

Programm :
Hei ee klenge Schmankerl wat iech sou erwaart:
  • Dag 1: Donneschdes de 26.05. fléie mir um 12:10 zu Münche fort a lande géint 14:30 zu Malta. Vun do aus geet et direkt an eisen Hostel (The Rose Hostel) zu St. Julian’s. Do kann da jidderee säin Nomëtte gestalte wéi e well, éier dann Owes zu St. Julian’s, dem Ballermann vu Malta, bei engem Pubcrawl richteg d’Fatze fléien. 🍹
  • Dag 2: Zu Malta gëtt iech keng Paus gegënnt. Freides um 8:00 geet et lass ob eng Quad-Bike Tour iwwer d’Insel Gozo. Déi dauert de ganzen Dag mat iessen a Gedrénks inclus fir 70€ ob de Kapp. Fir selwer fuehren ze dierfe musst der mindestens 21 Joer hunn, sos dierft der nëmmen als Bäifuerer hannendrop setzen. Hei ass d’Participatioun fräiwëlleg a fir déi déi dat net usprécht steet eng Visitt mam Bus ob Mdina an d’Plage Għajn Tuffieħa um Programm. Owes gëtt sech dann zesumme getraff fir typesch maltesesch ze iessen. Déi ganz motivéiert kennen zu St.Julian an de Baren den Owend ausklénge loossen. 🌄
  • Dag 3: Samschdes Moies dierft dir da mol ausrouen oder iech ob d’Plage geheie goen, ier mir eis dann um 11:30 ob Valetta maachen an déi bekannt Alstad besiche ginn. No dësem kulturellen Ausfluch waart dann eng Iwwerraschung vum LSM ob iech, fir de leschten Owend och entspriechend kennen ofzeschléissen. 🚎
  • Dag 4: Vum Hotel (oder Club) geet et da leider Sonndes Moies direkt ob de Flughafe wou de Fliger um 08:45 Richtung Münche start. ✈️

Präiss 💰 :
De Präis insgesamt beleeft sech fir den Hostel a Fluch ob 250€ pro Persoun. De Quad-Bike-Tour kascht nach emol 70€ extra pro Persoun, ass awer fakultativ. Bezuelt gi muss bis spéitstens nächste Mëttwoch de 4. Mee.
Sollt der iech dono awer erëm wëllen ofmellen, kënne mer iech nëmmen d’Suen zeréckiwwerweise wa mer een Ersatz fir iech fannen.

Umeldung 📝 :
D’Umeldunge ginn dëse Freiden den 29.04. em 18:00 op. De Moment wäerte mir dann ee Link an eiser Facebook-Grupp posten. Mir hunn insgesamt 18 fräi Platzen also gëllt: éischte vir gëtt matgeholl! Dovunner sinn awer 3 Platze fir eis Erstien reservéiert. Dat heescht, déi éischt dräi Erstien déi sech umellen, sinn egal wéi dobäi.
Fir d‘Areess a Malta an an Däitschland gellt 3G-Reegel. Wien also net geimpft ass muss sech teste lossen oder a Quarantän. Dofir muss ee, falls ee net geimpft ass, selwer kucke fir sech zu Malta een Test ze organiséieren.
Mir mellen eis kuerz no der Umeldung bei iech op der eng Plaz krut oder ob der op der Waardelëscht sidd. Wann der ugeholl sidd kennt der dann och direkt d‘Suen iwwerweisen.

Ären LSM-Comité