LSM Summerrees 2017 – Ljubljana

Datum/Zeit
Date(s) - 25/05/2017 - 28/05/2017
06:00 - 21:00

Veranstaltungsort
Ljubljana

Kategorien


Léif Memberen,

 

dëst Joer féiert dem LSM seng traditionell Summer-Rees eis an d’Haaptstad vun Slowenien, nämlech op Ljubljana!

     

 

Lass geet et Donneschdes, den 25. Mee (Christi Himmelfahrt) géint 7 Auer um Münchner ZOB a mir wäerte Sonndes den 28. Mee géint 22 Auer nees zu München ukommen. Dohinner fueren mer mat dem private Flixbus. De Programm gëtt ee wéi ëmmer réischt op der Rees selwer gewuer. Mee souvill sief verroden: vu Kultur bis Feieren ass erëm alles dobäi!

 

Dat Ganzt kascht 200€, doranner abegraff sinn de Bus, den Hostel, den Transport op der Plaz, d’Entréeë fir d’Sehenswierdegkeeten an och dat eent oder anert Iessen a Gedrénks.

 

D’Umeldung fir d’Rees ass Donneschdes den 27. Abrëll, d’Plazen si wéi ëmmer limitéiert. Well mer déi beloune wëllen déi dem Comité iwwert d’Joer gehollef hunn (Studentebal, Foire de l’étudiant, Münchner Bal, oder soss iergendswéi), kënnen déi Leit sech ab 19 Auer (bis 19:55 Auer) umellen. Ab 20 Auer kann sech dann jiddereen umellen. Wichteg: Et kann een sech just mat sengem eegenen Account umellen an d’Umeldung leeft nom Prinzip „First come, first served“! Mir schécken eng Reminder-E-Mail kuerz virum Startschoss.

Falls all Plaze sollten verginn sinn, kënnt dir iech trotzdem op enger Waardelëscht umellen, sou dat dir noréckelen kennt wann een aneren ofseet. Och hei gëllt den Prinzip „First come, first served“ ! 

 

Eng Mail mat weideren Detailer kritt der wann der ugemellt sidd.

 

 

Mat beschte Gréiss,

 

äre Comité

 

 

Denkt drun, dat dir Iech mat äerem Account aloggen musst fir dat dir Iech umellen kënnt!

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.