LSM-Rees op Dublin

Datum/Zeit
Date(s) - 05/05/2016 - 08/05/2016
09:00 - 20:00

Veranstaltungsort
Dublin

Kategorien


Léif Memberen,
dëst Joer féiert dem LSM seng traditionell Summer-Rees eis an d’Haaptstad vun der grénger Insel, nämlech op Dublin!

Guinness for strength

Guinness for strength

Lass geet et Donneschdes, 5. Mee (Christi Himmelfahrt) géint 9 Auer um Münchner Fluchhafen a mir wäerte Sonndes den 8. Mee géint 20 Auer nees zu München sinn. Dohinner fléie mer mat der irescher Gesellschaft Aer Lingus, de Vol wäert ronn 2 Stonnen daueren. De Programm gëtt ee wéi ëmmer réischt op der Rees selwer gewuer. Mee souvill sief verroden: d’Guinness Storehouse, d’Old Jameson Distillery an en Ausfluch an d’iresch Provënz sti sécher um Programm.
Dat Ganzt kascht 275€, doranner abegraff sinn de Fluch, den Hostel, den Transport op der Plaz, d’Entréë fir d’Sehenswürdegkeeten an och dat eent oder anert Iessen a Gedrénks.
Eng Mail mat weideren Detailer kritt der wann der ugemellt sidd.
Mat beschte Gréiss,
äre Comité

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.