LSM – Pubcrawl

Datum/Zeit
Date(s) - 03/11/2016 - 04/11/2016
19:00 - 01:00

Veranstaltungsort
Fischbrunnen

Kategorien


Den Donneschden den 03. November um 19:00 start deen éischte LSM-Pubcrawl! Wéi dir sécher alleguer wësst, si mir op der Sich no engem neie Café fir eise Stammdësch all Donneschden. Während dësem Café-Rallye hutt dir d‘ Méiglechkeet 8 Cafén & Bistroen zu München ze testen. Dir gidd a Gruppen agedeelt, an wéi eng Grupp nom Rallye déi meeschten alkoholesch Getränker (iwwer 0,3 L) op der Rechnung huet, kritt déi éicht Ronn um nächsten Stammdësch vum Comité spendéiert. Et lount sech also mat ze maan!  

Nom Rallye kënnt dir di nächst Deeg um Site www.lsm.lu ofstëmme wéi ee Café iech am beschte gefall huet, wou d‘ Ambiance am beschte war an den dir iech als neie Stammcafé virstelle kënnt.

Startpunkt ass um 19:00 beim Fischbrunnen um Marienplatz.

Schlusscafé ass fir jiddereen den Maex41 um 23:30!

Also haalt iech dësen Datum fräi, mellt ierch un a kommt zu vill fir matentscheeden ze kënne, wou de Stammdësch an Zukunft wäert statt fannen !

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.