Zum Inhalt springen

Datum/Auerzäit
Date(s) - September 22, 2022 - September 24, 2022
Ganzen Dag

Kategorien


No 2 Joer Paus, invitéiert de LSM Iech erëm häerzlech op d’Oktoberfest-Intercercle vum 22. September bis de 24. September.

Natierlech hu mir och erëm e flotte Programm op d‘Been gestalt fir Iech dat bayrescht Volleksfest an de Münchener Béier méi no ze bréngen:
Donneschdeg invitéiere mir Iech op de Welcome Patt. Freides geet et dann de ganzen Dag op d’Wiesn, wou keng Strass dreche bleiwe wäert. Samschdes treffe mir eis am Nomëtte fir eng gemeinsam Aktivitéit a lossen d’Intercercle zesumme mat engem Ofschlossiessen auskléngen.

D‘Präisser vun der Intercercle sinn:

  • 30€ ouni Schlofplaz
  • 45€ mat Schlofplaz (Leider sinn d’Schlofplaz bei eise Membere begrenzt, hei gëllt „First Come, first served“)
  • 0€ wann ee fir mindestens 2 Leit eng Schlofplaz bei sech selwer ubitt

Am Präis ass de Welcome Béier an d‘Ofschlossiesse mat abegraff.

D‘Umeldunge ginn den 31. Juli um 18h00 op. Dir kënnt iech dann hei umellen.
D‘Plaatzen si begrenzt, also notéiert Iech den Datum.

Mir freeën eis Iech ze gesinn an zesummen op eng Maß unzestoussen.

Umeldung

Tickets

Du muss ageloggt sinn vir dech kënnen unzemellen.