Lsm Chrëschtfeier

Datum/Zeit
Date(s) - 10/12/2021 - 11/12/2021
20:00 - 01:00

Veranstaltungsort
Levante

Kategorien


Léif LSM’er,De leschte Mount vum Joer steet un a Chrëschtdag steet virun der Dier.:weihnachtsbaum::schneeflocke: A fir eise braven LSM’er och e klenge Chrëschtdagscadeau ze maachen, wëlle mir Iech häerzlechst ob eis Chrëschtfeier den 10. Dezember am Restaurant Levante invitéieren. Hei notze mir och d’Geleeënheet dem LSM ze wënschen, well eise Cercle feiert dëst Joer säi 20ten Gebuertsdaag. Dat muss natierlech och gebührend gefiert ginn.:geburtstag::tada:

No deem mega Succès vun der 20 virun 2 Joer, wëlle mir och dës am nämmlechte Konzept bäibehalen. Ënner dem Motto „Chic/Casual Chic” dierft dir scho virum Zürecher Bal äre Kostüm oder äre Rack auspaken an ob eiser Chrëschtfeier ausprobéieren, ob dee nach passt.

Fir d’Participatiounskäschte vu 60€ erwaarden iech dann vu 20:00 bis 01:00 eng Open Bar an ee flotten 3-Gänge Menü, wou fir jiddereen eppes dobäi ass, an deen dir iech an der PDF-Datei zum Schluss vum Message kënnt ukucken. Fir d´Partystëmmung net ze ënnerbriechen, gëtt dëse Menü a Form vun engem Walking Dinner zerwéiert.:tänzerin::mann_tanzt: No 1:00 muss awer natierlech net Schluss sinn, fir déi motivéiert Leit kënnt firun der Dier direkt den Tram 27 Richtung Stacchus, wou een nach deen een oder anere Club kéint onsécher maachen.

A well ouni gutt Musek bekanntlech näischt leeft, dierft dir souguer selwer fir dës suergen! Ënner dem folgende Link fannt dir eng oppe Playlist, wou dir kennt är Lidder dramaachen. Dës brénge mir dann an eng zäitlech Uerdnung a kucken dass och d’Museksrichtung passend fir deen Owend ass.

https://open.spotify.com/playlist/2qYoUZseBbgllWEbEUBEXa?si=749cf720919946b1

Am Laf vum Owend erwaart iech dann déi eng oder aner Surprise, wou eventuell och de Kleeschen a seng Hëllefer deenen LSM’er déi sech gutt geschéckt hunn, eng kleng Freed mécht. An och den LSM kritt fir seng 20 Joer eng kleng Iwwerraschung:weihnachtsmann::geschenk:

Fir participéieren ze kënnen, braucht dir eng aktuell LSM-Memberskaart, sou wéi en Impf- oder Genesenennachweis (2G). Sinn dës Konditiounen erfëllt muss dir iech ab e Méinden (15.11.2021) 20:00 hei umellen.

Platze sinn ob 80 Leit limitéiert, dofir stellt iech e Wecker oder sot äre Frënn/Familljememberen/ Partner se sollen iech onbedéngt dorun erënneren. Sidd dir net ënner deenen 80 éischte Leit, kommt dir ob eng Waardelëscht. 2 Deeg no der Umeldung kritt dir Bescheed gesot ob dir ugemellt sidd oder ob der Waardelëscht sidd. Also iwwerweist eréischt, wann dir eng endgülteg Bestätegung vun eis krut.

Sidd dir bis ugemellt hutt dir bis den 1.Dezember Zäit ze iwwerweisen. Virdru kritt dir nach e Reminder vun eis. Iwwerweist dir net rechtzäiteg, kommen déi nächst un der Waardelëscht drun. W.e.g iwwerweist sou séier wie méiglech d’Suen op de folgende Konto:

LETZEBUERGER STUDENTEN ZU MÜNCHEN
IBAN : LU44 0019 2655 8968 1000
BIC: BCEELULL
Referenz : Chreschtfeier FIRNUMM+NUMM

Pdf:

Levante – Menü

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.