Zum Inhalt springen

Datum/Auerzäit
Date(s) - Juli 15, 2022
6:30 pm - 11:45 pm

Location
Paulaner Bräuhaus

Kategorien


Léif Memberen,

Mir lueden iech alleguer op déi dësjäreg Assemblée Générale Ordinaire (AG) vum LSM an op eis Assemblée Générale Extraordinaire (AGE) an. Dës wäerten de 15. Juli 2022 em 18:30 am Paulaner Bräuhaus stattfannen.

Hei wäert den aktuellen LSM-Comité de Bilan vum vergaangene Comitésjoer zéien, dat heescht hei wäerten de Réckbléck iwwer eis Events an Aktivitéiten an de Budget financier präsentéiert ginn. Dono wäert da nach eng Statutenännerung proposéiert ginn, dës befënnt sech och schonn an der Annexe. No der oppener Diskussioun wäert da schlussendlech de Comité 22/23 fir dat nächst Comiésjoer gewielt ginn. De genauen Orde du Jour vun der AG an der AGE fannt der an enger Annexe.

Fir un der AG an un der AGE deelhuelen ze kënne musst der eng aktuell gülteg Memberskaart hunn. Wann der net kënnt un der AG an AGE deelhuelen hutt der och d’Méiglechkeet iech duerch eng aner Persoun mat enger Prokuratioun vertriede loossen. Jiddereen däerf awer maximal 1 aner Persoun representéieren.

No dem offiziellen Deel wäert et dann och nach een Iessen op den LSM ginn. Fir dass mer hei kenne genau plange wéi vill Leit kommen a well mer dem Restaurant musse Bescheed soen muss ee sech heifir bis spéitstens Dënschdeg den 12. Juli umellen. Natierlech kann een och ouni Umeldung op d’AG kommen, mee an dem Fall dann awer ouni um Iessen deelhuelen ze kennen.

Wéi dat dann och eng Traditioun beim LSM ass wäert nach eng Aktivitéit virun der AG stattfannen. An zwar gi mer Freideg de 15. Juli an d’Therme Erding. Treffpunkt heifir ass em 13:00 um Hauptbahnhof oder direkt em 14:15 am Agang vun der Therme Erding. Dëst kascht 22€, den Entréesticket kann awer jidderee selwer op der Plaz kafen.

Natierlech siche mer och ëmmer motivéiert an engagéiert Memberen déi sech mëlle fir den LSM-Comité 22/23. D’Aarbecht am Comité kann extrem ofwiesslungsräich sinn an hei kann een dann och mol ee Bléck hannert d’Kulisse werfen a säin eegenen Input ginn fir esou Erfarungen ze sammelen. Mir wäre frou wann déi interesséiert Leit eis kéinten hier Kandidature bis spéitst de 14. Juli 2022 un  schécke wëll dat eis d’Organisatioun vun der AG méi einfach mécht. Natierlech sinn awer och Kandidature wärend der AG méiglech.

 


 

Convocatioun AG

Convocatioun AGE

Orde du Jour AG

Orde du Jour AGE

Prokuratioun

Statutenännerung

Umeldung

D Umeldungen vir dëst Event sinn zou.