Zum Inhalt springen
Karte nicht verfügbar

Date/Time
Date(s) - April 15, 2022
7:00 pm - 11:45 pm

Location
Big Beer Company

Categories


 

Léif (Ex-)Münchener Studenten,

 

Fir vill vun eis ass oder war d‘Studentenzäit en onvergiesslechen Deel vun eisem Liewen an dozou huet de Cercle, den LSM, sécherlech e gudden Deel bäigedroen!

2021 waren et genau 20 Joer hier, dass de Veräin LSM am Kader vun der éischter REEL zu München vu motivéierte Student zu enger ASBL ëmgewandelt gouf an domat de Grondstee geluecht gouf fir dat wat mir elo als LSM kennen!

Fir genau dat wäertzeschätze wëlle mir mat Iech zesummen, de 15. Abrëll 2022 dëse Gebuertsdag vun eisem Cercle zesumme mat all de Studenten an Ex-Studenten zu Lëtzebuerg feieren. En  „Save the Date!“ gouf et heifir schonn, allerdéngs kommen elo e puer méi Infoen:

Wou ? An der Big Beer Company an der Rives de Clausen (12 Rives de Clausen, 2165 Lëtzebuerg)

Datum ? 15. Abrëll 2022

Wéivill Auer ? Start ass um 19 Auer

Umeldung? Mell dech wannechgelift bis spéitstens den 8. Abrëll.

Präiss? 60€, déi muss du bis spéitstens den 13.04 op de Kont vum LSM iwwerwisen hunn:

LETZEBUERGER STUDENTEN ZU MÜNCHEN
IBAN : LU44 0019 2655 8968 1000
BIC: BCEELULL
Referenz : Anniversaire Virnumm + Nonumm

ODER

Digicash : +49 174 7727 831
Referenz: Anniversaire Virnumm + Nonumm

Wat kréien ech dofir?
Niewent der gudder Gesellschaft, flotte Gespréicher an d’Méiglechkeet nei an al (Ex-)Münchener Studente kennen ze leieren, gëtt et och Iessen a Gedrénks. Et erwaart eis e variéierten, bayresch-ugehauchten kaalen a waarme Buffet an natiirlech däerf och dono e gudden Dessert-Buffet net feehlen. Och d’Vegetarier wäerten net ze kuerz kommen.  Am Präis inclus ass och enge 2 Stonne Béier/Wäin/Soft-Flat . En klenge Programm, deen eis all zesumme bësse Freed brénge soll hu mir natierlech och organiséiert.

Bei Froe mellt iech gäre per Mail op [email protected]!

Bis dohi bleift gesond a monter,

E puer motivéiert (Ex-)Présien

Äender, Laurent, Pit, Michel, Lou, Jerry, Sven, Gianni

Bookings

Bookings are closed for this event.