LSC – Soirée de rencontre

Datum/Zeit
Date(s) - 16/11/2017
18:30

Veranstaltungsort
Unionsbräu

Kategorien


Als éischt Entreprise an dësem Wantersemester begréisse mir d’LSC Engineering Group zu München.

D’LSC Engineering Group ass en Zesummeschloss vu Bauingenieur-, Geologie- a Landesplanungsbureauen zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus. Zu Lëtzebuerg gehéire Simon-Christiansen & Associés, Luxplan, Geoconseils, Zilmplan a Luxsense geodata zu dësem neie Grupp. Domat ass des Soirée fir jiddereen interessant, dee méi iwwert de Bau- an Emweltsecteur gewuer wëll ginn, ënner anerem fir Bau-, Elektro- a Mechatronikingenieuren, Architekten, Urbanisten, Geographen, Hydrologen a Geologen.

Zéckt net iech unzemellen, vläicht kënnt dir jo éischt Kontakter fir e Stage oder dat spéidert Beruffsliewe kneppen.

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.