Lëtzebuerger Owend

Datum/Zeit
Date(s) - 21/05/2016
16:00 - 23:30

Veranstaltungsort
Kegelbahn Bender

Kategorien


Léif Memberen,

Nodeems et lescht Joer jo sou gutt ukomm war, freeë mir eis iech matzedeelen dass mir och dëst Joer nees een lëtzebuergeschen Owend mat engem Keelentournoi organiséieren.

Dat ganzt fënnt en Samschden, 21. Mee, an der Kegelbahn Bender statt. Am Nomëtteg ab 16 Auer wäert ee klénge Keelentournoi gespillt ginn, doru schléisst een Iessen un an ausklénge gelooss gëtt den Dag da mat engem Quiz iwwer eist schéint Ländchen.

Zu engem lëtzebuergeschen Owend gehéiert awer natierlech och lëtzebuergesch Kascht. Um Menü steet den absolute Klassiker Ham, Fritten an Zalot als Haaptplat begleed vu guddem lëtzebuergesche Wäin, deen eis Frënn vum Lëtzebuerger Club matbréngen. Donieft wäert et nach e puer weider lëtzebuergesch Leckereie ginn, déi ee flotten Owend wäerte garantéieren.

De Participatiounsbäitrag fir dësen Event bedréit 15€, doran ass alles inclus, also d’Iessen, Gedrénks à volonté an d’Keelespillen.

Umelle kënnt dir iech bis en Sonndeg, 15. Mee. D’Unzuel un Leit déi deelhuele kënnen ass heibäi aus Plaatzgrënn wierklech limitéiert. Wann dir also matmaache wëllt, dann mellt iech méiglechst schnell un. Dir hutt de Choix tëscht:

  1. Keelentournoi, Owesiessen an Quiz ab 16:00
  2. Owesiessen, an Quiz ab 19:00

Déi leit déi um Keelentournoi deelhuelen a scho wësse mat weem se spille wëllen, sollen dat an de Kommentar schreiwen (jeeweils 3 Persounen). Et kann ee sech awer och einfach umellen, mir maachen dann sur place nach Equipen. Kommentéiert och wann dir vegetaresch iesse wëllt.

D‘ Umellung leeft wéi ëmmer iwwert de Site: Link

D’Adress vun der Keelebunn ass Detmoldstraße 2, vun der Ubahnstatioun Frankfurter Ring aus brauch een ze Fouss ronn 10 Minutte fir dohin. Alternativ fiert awer och ee Bus vum Frankfurter Ring respektiv Am Hart aus bis un d’Haltestell Detmoldstraße.
Mir freeën eis op ee flotten Owend.

Mat beschte Gréiss,

äre Comité

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.