Skirees ob Kitzbühel

Datum/Zeit
Date(s) - 05/01/2018 - 07/01/2018
07:00 - 20:00

Veranstaltungsort
Sonnalm

Kategorien


Wei all Joers steet kuerz no Neijoerschdag rëm eis Ski-Rees ob Kitzbühel un. Dës E-Mail gëtt iech e klengen Iwwerbléck iwwert dee Weekend deen et ob kee Fall ze verpasse gelt.

Wat?

D‘Sonnalm zu Kitzbühel läit uewen um Bierg direkt ob der Skipist. Nieft enger kuscheleger Sauna bitt se och eng hauseege Schirmbar déi ausnahmslos ob huet bis och de leschten ëmfält! Donieft kënnt awer och d’Schifueren an deem weltbekannte Skigebitt selbstverständlech net ze kuerz. Wann dir nach nie Ski gefuer sidd oder nach ze onsécher sidd, kennt dir natierlech trotzdem matgoen. Einfach bei der Umellung Bescheed soen (Kommentar). Et fiirt dann all Daag en Komitésmember mat Iech mat.

Wéini?

Mir fueren Freides, den 5. Januar (géint 7 Auer) zesummen mam Bus um Ostbahnhof fort. Zréck geet et dann den 7. Januar no der leschter Ski-Descente, em 17:00.

Wéi vill?

De Skiweekend kascht 190€. Am Präis mat abegraff sinn den Transport, 2 Iwwernuechtungen souwéi d‘Moies- an d‘Owesiessen. Zousätzlech wäert de Skipass fir 3 Deeg em di 130€ kaschten.

Leider ass d’Participatioun dëst Joer en Stéck méi deier ginn, well d’Sonnalm leider dat beléiften „Matratzenlager“ net méi ubitt. Aus deem Grond waren mir leider gezwonge richteg Zëmmeren ze huelen, déi dann natierlech och méi deier sinn.

Umeldung

Vu dat mer just 30 Leit kënne mathuelen an den Ustuerm ëmmer relativ grouss ass wëlle mir hei fair Konditioune schafen a soen iech lo Bescheed dat d’Umeldung Méindes den, 4.Dezember um 20:00 lass geet.

Ab dann gëllt den „First Come First Serve“ Prinzip bis all d’Platzen fort sënn. Duerno kennt dir Iech awer nach an d’Waardelëscht androen, fir den Fall wou nach eng Platz frei gëtt, well een aneren sech rëm ofmellt.

Weider Informatiounen kommen no der Umeldung an enger separater Mail no.

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.