Kitzbühel 2016

Datum/Zeit
Date(s) - 08/01/2016 - 10/01/2016
07:00 - 22:00

Veranstaltungsort
Sonnalm

Kategorien


Léif Ski- a Snowboardfrënn,

D’Bierger um Münchener Horizont ginn ëmmer méi wäiss an och dat neit Joer kennt lues awer sécher méi no. Héich Zäit fir och schonn dat éischt absolut Highlight fir 2016 unzekënnegen. An zwar geet et wéi all Joers erëm skifueren ob Kitzbühel. Traditionell verbréngt den LSM den éischte Weekend nom Retour an eiser schéiner Staat an den Alpen. Dës E-Mail gëtt iech e klengen Iwwerbléck iwwert dee Weekend deen et ob kee Fall ze verpasse gelt.

Wat?
D‘Sonnalm zu Kitzbühel läit uewen um Bierg direkt ob der Schipist. Nieft enger kuscheleger Sauna an e puer méi oder wéineger geräumegen Zëmmeren fir ze schlofen, bidd se och eng hauseege Schirmbar déi ausnahmslos ob huet bis och de leschten ëmfält! Donieft kënnt awer och d’Schifueren an deem weltbekannte Skigebitt selbstverständlech net ze kuerz. Wann dir nach nie Ski gefuer sidd oder nach ze onsécher sidd, kennt dir natierlech trotzdem matgoen. Einfach bei der Umellung Bescheed soen (Kommentar), mir probéieren dann fir déi interesséiert Leit dohannen een Skilehrer ze organiséiren
Wéini?
Start ass Freides, den 8. Januar 2016 fréi Moies (géint 7 Auer) um Ostbahnhof. Zréck geet et dann den 10. Januar no der leschter Ski-Descente.
Wéi?
Mir fueren nees zesumme mam Bus dohin. Et wier gutt wann hei méiglechst vill Leit géifen matfueren. Wann dir awer wëllt mam Privatauto nokommen ass dat och kee Problem, sot just Bescheed.
Wéi vill?
De Skiweekend kascht 130€. Am Präis mat abegraff sinn den Transport, 2 Iwwernuechtungen souwéi d‘Moies- an d‘Owesiessen. Zousätzlech wäert de Skipass fir 3 Deeg em di 130€ kaschten.
Wichteg
  • Uewen um Bierg gëtt et kee Bankomat, vun do hier wier et net schlecht e puer Sue méi anzepaken, vu dass een och nach Mëttes muss eppes iessen an een normalerweis Owes och nach deen een oder aneren an der Schirmbar drénkt.
  • Schimaterial kritt een op der Platz selwer ze léine falls der keent hutt. Rechent deemno och duerfir Suen an.
Umellung
D’Umellung fir Kitzbühel wäert nees iwwert de Site lafen: Link
Vu dat mer just 28 Leit kënne mathuelen an den Ustuerm ëmmer relativ grouss ass wëlle mir hei fair Konditioune schafen a soen iech lo Bescheed dat d’Umellung den Dënsdeg, 1.Dezember um 19:00 lass geet. Ab do ass dann First Come First Serve bis den 8. Dezember 23:59. Mir schécken den 1. Dezember och nach eng „Startschoss“-Mail als Reminder.

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.