Grillen um Flaucher 2017

Datum/Zeit
Date(s) - 01/07/2017
14:00 - 23:30

Veranstaltungsort
LSM Grillplaz um Flaucher

Kategorien


Wéi all Joer geet den LSM och dëst Joer ob den Flaucher grillen. Dofir sidd Dir all
häerzlech agelueden den éischten Juli ab 14:00 bis laanscht ze kommen. Treffpunkt ass
eis “ LSM-Plaz „.

Mir wäerte souwuel fir Fleesch, Baguettë wei och fir genuch Gedrénks suergen. Dat Ganzt
geet natierlech och dëst Joer erëm integral op LSM-Käschten. Mir wäerten Thüringer,
Kéiswuppen an Mettwurschten grillen an Ketchup, Andalouse an Moschtert bereetstellen.
Wenn dir also speziell Wësch hutt kënnt dir gären är eegen Saachen matbréngen.

Zudeem wäerten mir zwee Beerpongsdëscher opbauen, ob deenen dir natierlech die eng
oder aner Partie spillen kennt.

Mir géingen Iech bieden, dass dir Iech bei dësem Event bis den 30.06.2017 umellt, fir dass mir
wëssen mat wie villen Leit mir rechen kennen, an mir sou besser ofschätzen kennen wei vill
Iessen an Gedrénks mir kaafen mussen.

Beim Datum handelt et sech lo mol em provisoreschen Datum, well je nodeem wie d’Wieder
deen Weekend ass géingen mir eis virbehalen eist Event ob Freides oder Sonndes ze
verleeën. Dofir géingen mir Iech an der Woch virdrun den definitiven Datum matdeelen.

Hei ginn dann och d’Memberskaarten fir d‘LSM-Joer 2017/18 verkaaft.

 

Bis dann,

Äere Comité

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.